SN3402L - Léieren duerch Rollespiller: Besser matenee schwätzen – mat Kanner a Kandskanner
Contenu
Et ass net ëmmer einfach, mat den eegenen erwuessene Kanner oder Kandskanner iwwer seng Wënsch oder Suergen ze schwätzen. Awer: Wien seng Meenung ausdréckt, fillt sech meeschtens besser a gëtt och besser verstanen.
An dësem Cours léiere mir zesummen, wéi Gespréicher gutt kënne geléngen. Mat klenge Rollespiller a praktesche Beispiller gewanne mir méi Sécherheet am Gespréich, léiere mir wéi ee Mëssverständnesser vermeide kann a Konflikter léist – roueg a mat Respekt.
D'Zil vum Cours ass et, d’Verstännegung tëschent de Generatiounen ze verbesseren – fir e bessert Zesummeliewen an der Famill.