SN5202L - Mir stäerken Iech de Réck!
Zilpublikum
Ziler
Mer freeën eis drop, mat Iech zesummen un Ärer Réckegesondheet ze schaffen an Iech déi Liewensqualitéit ze schenken, déi Dir verdéngt hutt.
Contenu
- Ass et wierklech normal, dass een am Alter u Beweeglechkeet verléiert?
- Muss een sech wierklech dru gewinnen, all Dag mam Réck geplot ze sinn?
- Mir vu Smartform soen Nee a wëllen Iech begleeden op Ärem Wee zu engem gesonden a staarke Réck ouni Péng.
- D‘Réckeschoul vu SMARTFORM baséiert op dem Stäerke vun Ärer Réckemuskulatur an dem Erléiere vun enger réckeschounender Verhalensweis.
- Mir hëllefen Iech zeréck an e Liewen ouni Wéi, andeems Dir aktiv leiert, Är Réckeproblemer unzegoen, a schaffe geziilt dorunner, Är Péng Schratt fir Schratt ze reduzéieren, andeems mir déi betraffe Beräicher systematesch stäerken.
- Zesumme mat eisen Experten aus dem Gesondheetsberäich gi mir präventiv géint altersbedéngte Muskelverfall vir a verbesseren esou Är Liewensqualitéit drastesch. Mir hëllefen, dass Dir Iech erëm wuel an Ärer Haut spiert, sou dass Dir Äert Liewe grad am Alter genéisse kënnt.