C5036 - Säi Selbstvertraue stäerken
Zilpublikum
Jidfereen, deen nei Ressourcen entwéckelen a benotze wëll fir sëch a perséinlechen, berufflechen a soziale Situatioune besser ze behaapten a méi wuel ze fillen.
Ziler
- D'Mechanisme vum Selbstvertraue begräifen an an der Praxis ëmsetzen.
- Eppes aus sengen Experienze léieren.
- Léiere sech eppes Neies ze trauen.
- D'Method vun der "analyse transactionnelle" verstoen.
- Méi selbstsëcher optrieden an alle Situatiounen.
- Déi richteg Wieder benotze fir ze iwwerzeegen.
- Mat Methoden dat Resultat kréie wat ee wëll.
Viraussetzungen
Keng.
Bemierkungen
De Support de cours ass op Franséisch.