C3013 - Seng Steiererklärung ausfëllen
Zilpublikum
Jiddwereen, den d’Prinzippie vum Lëtzebuerger Steierrecht a vun der Besteierung vun de Privathaushalter kenneléiere wëll. Jiddwereen, den eng Lëtzebuerger Steiererklärung fir Privatpersounen ausfëllen an/oder optimiséiere wëll.
Ziler
- D'Prinzippie vun der Besteierung vun de gebittsusässege an net gebittsusässegen Steierflichtege kenneléieren.
- Sech mat der perséinlecher Steierflicht an der kollektiver Besteierung vertraut maachen.
- D'Steierklassen an d'Struktur vun der Akommessteiertabell kennen.
- Verstoen, wéi dat besteierbaart Akommes bestëmmt gëtt : Generalitéiten an allgemeng Bestëmmungen.
- Déi verschidde Kategorie vu Revenuë kennen.
- Ënnerscheede kënnen tëschent besonneschen Ausgaben an der Steiererméissegung fir ausseruerdentlech Ausgaben.
- D'gescholdte Steier berechne kënnen : Tariffer a Steierfräibeträg.
- D'Steiererhiewung verstoen : Avancen, Lounsteierausgläich a Verzugszënsen.
- Déi verschidde Rechtsmëttele kennen.
Viraussetzungen
Keng.