C3003 - Aarbechtsrecht: den Aarbechtskontrakt
Zilpublikum
Jiddwereen, deen am Beräich vun de Ressources humaines, an enger Fiduciaire oder engem Affekotebüro schafft, etc. Leit, déi gären d’Rechter an d’Pflichte vun de Salariéen an den Employeuren kenneléiere wëllen (Personaldelegéierter,etc.). Juristen mat auslännescher Ausbildung, déi dat lëtzebuerger Recht kenneléiere wëllen.
Ziler
- Déi verschidden Type vun Aarbechtskontrakter ënnerscheede kënnen (CDD, CDI).
- Wësse wéi een en Aarbechtskontrakt verfaasst (CDD an CDI).
- D'Regelen am Zesummenhang mam CDD a mat der Zäitaarbecht kenneléieren.
- D'Regelen vun der Proufzäit beherrschen.
- Déi verschidde Begebenheeten, déi während engem Aarbechtsverhältnis optriede kënnen, geréieren: Ännerung vum Kontrakt, Krankheet
- D'Prozeduren an d'Konsequenzen vun Entloossung a Kënnegung beherrschen (dMotiver, dContestatioun, de Prozess, de Chômage).
- Wëssen a wéi enge Fäll e Kontrakt automatesch ophällt: Pensioun, Faillite, laangwiereg Krankheet
Viraussetzungen
Keng.
Bemierkungen
De Support de cours ass op Franséisch