C2003 - Comptabilitéit: Joresofschlossaarbechten
Zilpublikum
Persounen, déi hir Kenntnisser iwwert de Comptabilitéitssystem verdéiwe wëllen.
Ziler
- D'Prinzipie vun der Comptabilitéit kennen.
- Den « inventaire extra-comptable » maachen.
- De Stock geréieren (amont/aval, färdeg Produkter, Wueren, etc).
- Den Actif bestëmme kënnen (Amortissementer, etc).
- De Verkaf vun Elementer aus dem Actif androen.
- D'Provisioune fir Risiken a Chargen comptabiliséieren.
- De Regulariséierungsmechanismus fir d'Chargen a Produkter verstoen.
- D'Konten ofschléissen.
Viraussetzungen
De Cours « Aféierung an d’Comptabilitéit » (C2001) gepackt hun oder gläichwäerteg Kenntnisser noweise kënnen.
Bemierkungen
De Cours ass un den neie lëtzebuergesche Plan comptable ugepasst. De Support de cours ass op Franséisch.